Den Text hei aus dem Wikipedia https://lb.wikipedia.org/wiki/Luke_Haas
De Lucien Haas, besser bekannt als Luke Haas, gebuer de 17. Mee 1949 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 14. Dezember 2015[1], war e lëtzebuergesche Rockmuseker an a sengem Beräich zemol am Süde vum Land bekannt.
Donieft hat de Luke Haas sech och en Numm als Chronist souwuel vun de lëtzebuergescher Rockmusek, wéi och vun der lëtzebuergescher Comiczeen gemaach. Hien huet selwer och verschidde Comics gezeechent a fir däitsch Comic-Editeuren Iwwersetzungen aus dem Franséische gemaach.