De Jimmy Martin, gebuer den 2. Mee 1962 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker, Lidderschreiwer a Produzent.
Schonn als Kand hat hien en Talent fir Musek. Duerch säi Papp, deen Trompettist an enger Harmonie war, huet hie mat 9 Joer ugefaange mat Trompett spillen. Zousätzlech hat en och Coursen am Conservatoire. Als Austauschstudent kënnt e mat 18 Joer a Kalifornien op San Bernardino wou en 1981 Sänger an der Rockgrupp Amethyst gëtt.
2 Joer drop koum en nees zréck op Lëtzebuerg wou e kuerz drop Sänger a Gittarist bei der Rockgrupp Blackout gëtt. 1982 war hiren éischten Optrëtt. Mat 22 Joer huet hie sech vun der Band getrennt a probéiert an Däitschland eng Solo-Carrière unzefänken. 1985 kënnt da seng éischt Single Leaving it all behind eraus, 1986 deen éischten Album You get what you p(l)ay for. An där Zäit ass e mat senger Band vill op Tournee an Europa an huet eng Rei Optrëtter am Fernsee.
Liest hei de Rescht:
https://lb.wikipedia.org/wiki/Jimmy_Martin_(1962)
Diskographie
Wann ech een Titel vergiess hun, dann mech komtaktéieren. Merci.